• Aktuell
  • Gemeng
  • Liewen
  • Geschicht
  • Economie
  • Member

Kalenner 2010

Freiden, 12. Mäerz  Bicherausstellung Elterevereenegung
Samschden, 13. Mäerz  Generalversammlung Fräiwëlleg Pompjeeën
Samschden, 13. Mäerz  Bicherausstellung Elterevereenegung
Dënschden, 16. Mäerz  Generalversammlung Theaterfrënn
Freiden, 19. Mäerz  Cabaret "Ex Cathedral" Téintener Wiselen
Samschden, 20. Mäerz  Bal Fräiwëlleg Pompjeeën
Mëttwoch, 24. Mäerz  Konferenz 'Ech kann dat schonn eleng' Elterevereenegung a Léierpersonal
Freiden, 26. Mäerz  Generalversammlung Nordic Walking Äischdall

10. Mäerz

Téintener Bicherdeeg den 12. an 13. Mäerz

D'Téintener Bicherdeeg, organiséiert vun der Elterevereenegung APECTS an Zesummenaarbecht mat der Libo, sinn den 12. an 13. Mäerz am Koschteschbau. E Freideg, den 12. Mäerz, vun 9 bis 12 a vun 13.30 bis 18 Auer ass eng Ausstellung mat Verkaf vu Bicher fir all Alter. Hei fënnt een och wonnerbar Iddië fir Cadeauë fir d’Kommioun. D’Vanessa Staudt liest aus hirem Wierk „Ech si kee béise Wollef“ fir d’Kanner aus dem Précoce an der Spillschoul vir. Fir d’Kanner aus dem 6. Schouljoer ass eng Liesung duerch den Henri Losch aus sengem Wierk „De Geescht aus där aler Brauerei“. E Samschdeg, den 13. Mäerz, vun 10 bis 17 Auer: Ausstellung a Verkaf vu Bicher fir all Alter. Den Entrée ass fräi.

Content © 2005/2006/2007/2008/2009 ###TuntangeNET###
Design by Mulles - MWT WebDesign
Aktuell
  • Kalenner