• Aktuell
  • Gemeng
  • Liewen
  • Geschicht
  • Economie
  • Member

Op d'topographesch Kaart gekuckt

Zu der Gemeng Téinten (oder Tënten, wéi di net-Téintener soen) gehéieren d’Uertschaften Téinten, Huelmes, Bur an Aansebuerg, de Mariendallerhaff, de Kuelbecherhaff an de Claushaff.

Am Ganzen huet Téinten eng Fläch vun 18,74 km2. Well Téinten, Huelmes, Aansebuerg a Bur zesummen 1034 Awunner zielen, bedeit dat, datt 55,2 Awunner op de km2 kommen, op d’mannst no den Zuele vum Joer 2001.

Téinten läit op de geographesche Koordinaten 49° 43' 4 Nord an 6° 0' 37 Ost.

Den nërdlechste Punkt vun der Gemeng läit un der Maandelbaach, iergend wou tëscht dem Laangegronn an dem Kazegronn, dee südlechsten am Rieder Bësch, net wäit ewech vun der Bréck op der N12. Ganz am Osten läit de Claushaff, di westlechst Plazen sinn hanner Ruedt ze fannen, ob elo Kréckelsbierg oder Kuesselt, oder awer méi nërdlech op der Héicht vun Téinten, wou op der topographescher Kaart de Schäckeltgen agedroen ass.

 

Bierg an Dall

Di déifste Punkte vun der Gemeng si wuel bei der Äisch ze fannen, a wann d’Waasser nach ëmmer biergof leeft, dann hëlt d’Héicht a Richtung Miersch of: d’Äisch zu Bur 246 m, zu Aansebuerg 237 m (Aansebuerg selwer ass op enger Héicht vun 250 m agedroen), Mariendall 236 m.

De Mariendallerhaff mat der Kapell läit mat 350 m en etlech Meter méi héich ewéi d'Äisch, an, wat een zu Huelmes och ongeféier ka kontrolléieren: di nei Haiser uewen op der Knupp zu Huelmes leien ongeféier op där selwechter Héicht wéi de Mariendallerhaff. Fir vun hei bei d'Kierch vun Huelmes ze kommen, geet et da schonn erëm 30 m biergof.

D'Kierch vun Téinten läit op 320 m, deen ale Reservoir op der Knupp op 367 m, den neie Baseng gouf e puer Meter méi héich gebaut: op 372 m.

Content © 2005/2006/2007/2008/2009 ###TuntangeNET###
Design by Mulles - MWT WebDesign
Allgemeng
  • Geographie
Uertschaften
  • Téinten
  • Huelmes
  • Bur
  • Aansebuerg
  • Mariendall
Administratioun
  • Gemengerot
  • Adressen